
Wéi d’Police matdeelt wier d’Affer zwar net liewensgeféierlech blesséiert ginn, et wier awer an d’Spidol bruecht ginn.
Éischten Erkenntnisser vun der Police no hat et virun der Dot ee Sträit tëscht dem Mann an enger anerer Persoun ginn. Nom Sträit hätt den Täter sengem Affer dunn opgelauert a mat engem Messer um Bee blesséiert. Den Täter ass geflücht an Ermëttlunge goufen an d’Weeër geleet.
Zu Esch huet d’Police dann e Méindeg de Moie géint 1.15 Auer missen intervenéieren, well eng Persoun um Boulevard J.F. Kennedy vun zwee Onbekannten niddergeschloe gi war. Dobäi gouf dem Mann den Telefon geklaut. D’Affer koum fir eng Kontroll an d’Spidol an et gëtt am Fall ermëttelt.