
Nodeems d’Police op d’Plaz geruff gouf, konnt si nieft der Waff och Droge beim Mann fannen. Weider Droge goufen a senger Wunneng fonnt, nodeems de Parquet eng Hausduerchsuchung ordonéiert hat. Hie gouf doropshi festgeholl a koum e Mëttwoch am Nomëtteg virun den Untersuchungsriichter.
E weidere Virfall an der Stad gouf et en Dënschdeg am Nomëtteg, wéi d’Police zwee Täschendéiwe gemellt krut. Dës konnten op der Stater Gare ugetraff ginn, d’Police huet bei hinnen zwee Handye fonnt a saiséiert. Och si goufe festgeholl a kommen e Mëttwoch virun den Untersuchungsriichter.