Alkohol a Kokain intusMann ouni Fuererlabnis an Accident verwéckelt

RTL Lëtzebuerg
Wéi d’Police mellt, gouf et de Moien an der Avenue du Luxembourg zu Nidderkäerjeng en Accident.
Dës Foto steet a kengem Zesummenhang mam genannte Virfall am Artikel. Heibäi handelt et sech ëm eng Archiv-Foto.
Dës Foto steet a kengem Zesummenhang mam genannte Virfall am Artikel. Heibäi handelt et sech ëm eng Archiv-Foto.
© RTL-Archiv

Wéi Foussgänger iwwert d’Strooss wollten, hunn zwee Autoen mat Zäit gebremst, ma deen drëtten ass dunn hannendrop gefuer.

E puer Leit aus de verschiddene Gefierer wiere blesséiert ginn, ma et wier och erauskomm, dass de Chauffer vum éischte Wohn Alkohol gedronk hat, an och den Test op Kokain war positiv. De Mann hat och schonn e Fuerverbuet zu Lëtzebuerg. De Won gouf saiséiert an de Mann verhaft. Hie koum kuerz drop virun den Untersuchungsriichter.

Donieft huet d’Police e Sonndeg de Moien zwee weidere Führerschäiner wéinst Alkohol agezunn : eemol zu Dikrech an eemol zu Angelduerf.

Back to Top
CIM LOGO