Asaz an der StadMann randaléiert a léisst seng Roserei un engem Bam aus

RTL Lëtzebuerg
E Freideg de Moie fréi gouf en offensichtlech alkoholiséierte Mann an der Rue du Rost an der Uewerstad gemellt.
© RTL

Dëse war am Gaangen ze randaléieren a mat de Fäischt an e Bam ze schloen. Eng Patrull vun der Police konnt de Mann nach op der Plaz untreffen. Well hien a sengem Zoustand eng Gefor fir sech an anerer duergestallt huet, koum hie fir auszeniichteren an Arrest.

Dann huet sech nach en Donneschdeg den Owend e Mann op der Schueberfouer net beherrscht kritt. Dësen huet sech bei engem Gedrénksstand opgehalen an huet Glieser op de Buedem gehäit. Och hei konnten d’Beamten de Mann nach op der Plaz untreffen. De Mann huet sech de Beamte géigeniwwer onkooperativ verhalen a koum no enger medezinescher Kontroll an Arrest.

Back to Top
CIM LOGO