Lizenze fir Baren a CaféenReform vu Konzessiounssystem aktuell net virgesinn, esou Wirtschaftsminister Delles

RTL Lëtzebuerg
D'Zuel vun de verdeelte Lizenzen ass stabel bliwwen: 2017 goufen 3.209 Lizenze verginn, dëst Joer sinn et der gutt 3.280.
Knapps 30 Prozent vun de Lizenzen - 935 fir genee ze sinn - gehéiere Brauereien, wärend eng 100 vu Gemenge gehale ginn.
© RTL-Archiv

D'Zuel vun de Konzessioune fir Caféen, Baren an änlechen Etablissementer ass déi lescht Jore stabel bliwwen. Dat geet aus der Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun den LSAP-Deputéierte Georges Engel a Ben Streff ervir.

Knapps 30 Prozent vun de Lizenzen - 935 fir genee ze sinn - gehéiere Brauereien, wärend eng 100 vu Gemenge gehale ginn.

Froen iwwert eng fair Konkurrenz tëscht Brauereien an Horeca-Betriber géife awer net a seng Zoustännegkeet falen, esou de Wirtschaftsminister Lex Delles a senger Äntwert. Hien huet drop higewisen, datt d'Autorité de la concurrence dës Fro awer schonn an enger sektorieller Enquête am Joer 2019 traitéiert hat.

Eng Reform vum aktuelle Konzessiounssystem, wéi se vun der Horesca gefuerdert gëtt, wier net geplangt, heescht et an der parlamentarescher Äntwert weider. Och dorunner, datt d'Zuel vun de Konzessiounen no uewen hi gesetzlech limitéiert ass, wéilt een näischt änneren, dat och zum Schutz vun der ëffentlecher Gesondheet.

Back to Top
CIM LOGO