Zu Miersch gestalltMann schléit Zuchpassagéier a gëtt mat op de Policebüro geholl
Wéi d'Police matdeelt, gouf e Freideg de Moien eng Aggressioun vun engem Passagéier an engem Zuch gemellt, deen a Richtung Miersch ënnerwee war.
Verëffentlecht: 23.08.24 15:50, Update: 09.12.25 15:07
Éischten Informatiounen no hätt ee Mann een anere Passagéier geschloen, heescht et am Policebulletin. De presuméierten Täter gouf méi spéit vun der Police op der Gare zu Miersch gestoppt a mat op de Policebüro geholl. De Virfall gouf protokolléiert.