StauséiMann spréngt vu Fiels a blesséiert sech

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg den Owend huet e Mann mat sengem Virgoen en Asaz vum CGDIS ausgeléist.

Wéi et an engem Schreiwes vum CIS Alebësch/Esch-Sauer heescht, wier de Mann géint 19.30 Auer vun engem Fiels erof an de Stauséi gesprongen. De Mann ass dobäi um Grond respektiv op engem Fiels opkomm an huet sech um Been blesséiert. D’Rettungsekippen hu misste geruff ginn an de Blesséierte gouf mam Rettungswon vu Wolz an d’Klinik op Ettelbréck bruecht.

Am Asaz waren och d’First Repsonder vum CIS Alebësch/Esch-Sauer, déi de Blesséierte behandelt hunn, éier d’Ambulanz op der Plaz war. Am Schreiwes ass et dann och d’Erënnerung, datt d’Sprange vun de Fielsen um Stauséi ganz geféierlech ka sinn.

Back to Top
CIM LOGO