Papp vun 71 Joer erwiergtMann um Stater Geriicht zu 30 Joer Prisong a Schuedenersatz verurteelt

Diana Hoffmann
Zu enger Prisongsstrof vun 30 Joer ass e Mëttwoch e 36 Joer ale Mann wéinst Doutschlag vum Stater Geriicht verurteelt ginn.

Doriwwer eraus muss hien den Hannerbliwwenen 30.000 Euro Schuedenersatz bezuelen.

Am Dezember 2022 hat hien op Stiefesdag säin 71 Joer ale Papp, wärend engem Sträit, an deem senger Wunneng zu Esch sou laang gewiergt, bis dësen dout war.

Den Adoptivjong hat wärend dem Prozess awer ëmmer nees betount, dass hie säi Papp net hätt wëllen ëmbréngen, mee hie just an de “Schwitzkasten” hätt wëllen huelen, fir en ze berouegen. No der Dot haten de Mann a seng Frëndin versicht, d’Dot ze vertuschen.

D’Urteel ass nach net rechtskräfteg. D’Parteien hu 40 Deeg Zäit, fir an Appell ze goen.


Back to Top
CIM LOGO