
Zu Hoen op der Plaz hunn d’Beamten de Mann ugetraff, mee hien huet sech wéineg kooperativ gewisen. Wärend d’Polizisten hir Aarbecht gemaach hunn, wier de Mann de Beamte géigeniwwer aggressiv ginn, heescht et am Policebulletin. Schlussendlech hunn d’Beamten decidéiert, de Mann an Handschelle mat op de Policebüro ze huelen.
De Parquet gouf informéiert, deen doropshin decidéiert huet, datt de Mann sollt festgeholl ginn. De Mann gouf méi spéit dem Untersuchungsriichter virgefouert.
Am Laf vum Dag huet d’Police uechter d’Land dann och nach e puermol wéinst aggressivem Verhalen, ze vill Alkohol an ze vill Kaméidi missen aschreiden. An der Stad, zu Beetebuerg an zu Stroossen gouf dann och nach aus Butteker geklaut. Déi betraffe Persoune wiere protokolléiert ginn, heescht et vun der Police.