PolicebulletinMann vun dräi Täter am Garer Quartier iwwerfall, Abréch zu Esch a Schëffleng

RTL Lëtzebuerg
An deene leschte Stonne krut d'Police zwee Abréch am Süde vum Land gemellt, wéi och en Iwwerfall an der Nuecht op e Méindeg.

Deemno ass e Mann vun dräi Täter iwwerfall ginn a krut de Portmonni an den Handy geklaut. Blesséiert gouf hien dobäi net. D’Police huet an deem Kontext eng Enquête lancéiert.

E Méindegowend koum et an der Rue de Belvaux zu Esch zu engem Abroch an enger Wunneng, woubäi d’Täter e puer Kummeren duerchwullt hunn, ier se nees geflücht sinn.

Zu Schëffleng war et am spéide Méindegowend en Abroch an en Haus an der Rue du Parc. Och hei hunn d’Täter eng Rei Kummeren no Wäertgéigestänn duerchsicht, ier se vun de Residenten iwwerrascht goufen a geflücht sinn. Wéi et vun der Police heescht, hu si dobäi Bijoue matgoe gelooss. D’Sich no de Verdächtegen ass bis ewell ouni Erfolleg bliwwen.

D’Police Lëtzebuerg weist an dem Kontext op eng Rei Rotschléi hin, wéi ee sech besser viru Brigange schütze kann. Méi Informatiounen dozou fannt Dir hei.

Back to Top
CIM LOGO