
Géint 14.25 Auer goufen der Police zwee Männer gemellt, déi sech op der Place de la Gare zerklappt hunn. Wéi d’Polizisten d’Sträithännesse kontrolléiert hunn, konnte si bei engem vun de Verdächtege ganzer 29 Drogeplombe fannen.
Wéi d’Police schreift, gouf de Parquet doropshin iwwer de Virfall informéiert. Op Uerder vum dësem gouf de Mann festgeholl an d’Drogen, d’Boergeld a säin Handy saiséiert. Wéinst der Kläpperei goufen d’Männer protokolléiert.