Prozess ëm brutalen Ugrëff zu EschMann wéinst versichtem Doutschlag fräigesprach

Diana Hoffmann
Den 12. Oktober 2023 war et op der Gemengeplaz zu Esch zu engem brutalen Ugrëff komm, bei deem e Mann ënner anerem d’Gesiicht bluddeg geschloe krut.

Den Täter gouf en Donneschdeg um Stater Geriicht vum Reproche vum probéierten Doutschlag fräigesprach. D’Blessure wieren zwar schlëmm gewiescht, mee net potentiell déidlech.

D’Geriicht huet awer nach eng Expertis ordonéiert, fir d’Gravitéit vun de Blessuren an d’Auswierkungen anzeschätzen. Eréischt dono kéint et zu engem ofschléissenden Urteel kommen. De Parquet hat 20 Joer Prisong wéinst versichtem Doutschlag gefrot.

Den Ugeklote war selwer net um Prozess present, an huet sech och net duerch en Affekot vertriede gelooss.

Zu der Eskalatioun war et komm, wou d’Affer an d’Frëndin vum Täter zesummen am Sëtzen en Joint gefëmmt hunn. De Mann hat der Fra dësen net viru ginn, mee virun d’Féiss gehäit. Där hire Partner huet dat als respektlos consideréiert an de Mann ugegraff. Hien hat och e Messer am Grapp, huet d’Affer domat awer net gepickt, mee mam Grëff op de Kapp geschloen.

Parquet freet 20 Joer Prisong: Brutalen Ugrëff an der Drogenzeen zu Esch

Back to Top
CIM LOGO