Police sicht no ZeienMann zu Miersch vun zwou Persounen attackéiert an uerg blesséiert

RTL Lëtzebuerg
D'Police huet no engem Fall vu schwéierer Kierperverletzung e Sonndeg zu Miersch een Zeienopruff lancéiert.
© RTL Grafik

Op engem Parking op der Héicht vum Centre Marisca zu Miersch war e Sonndeg tëscht 18.00 an 18.15 Auer ee Mann vun zwou Persounen ugegraff ginn. D’Affer gouf dobäi uerg blesséiert. Béid Täter hu sech doropshin an zwee verschiddenen Autoen duerch d’Bascht gemaach. Dorënner ee groe Mercedes vum Modell A-Klass mat enger Lëtzebuergescher Plack an ee wäissen Audi, och mat Lëtzebuergescher Plack.

All méiglech Hiweiser sollen der Police Miersch ënnert der Telefonsnummer (+352) 244 90 1000 oder per E-Mail u police.mersch@police.etat.lu weidergeleet ginn.

Back to Top
CIM LOGO