
Wéi d’Police mellt, war e jonke Mann aus dem Norde vum Land hei zu Fouss op engem Parking ënnerwee, dee wéinst engem Evenement ageriicht gouf, ewéi hien aus bis ewell ongekläerter Ursaach gefall ass, a vun engem Auto iwwerrannt gouf. De 26 Joer jonke Mann ass nach op der Plaz gestuerwen.
Wéi aus dem Bulletin vum CGDIS ervirgeet, waren Ambulanze vun Housen a Clierf, d’Pompjeeë vu Pëtschent an Housen, de Samu an de Groupe de support psychologique hei am Asaz.
De Miess- an Erkennungsdéngscht vun der Police war op der Plaz. Et gouf eng Autopsie vun der Läich ordonéiert.