
Hei ginn 2 Volete méi am Detail beliicht, engersäits d'Abréch an anerersäits d'Drogekriminalitéit. Bei den Abréch mécht d'Police den Ënnerscheed tëschent Abréch bei Leit Doheem an Abréch op Plazen, op deene kee wunnt, wéi zum Beispill Butteker.
De Gros vun den Abréch wieren a Wunnhaiser oder Appartementer, an do goufen et der zejoert e gutt Stéck manner, wéi nach 2018, méi genee 7% manner. An onbewunnten Haiser wier d'Zuel liicht an d'Luucht gaangen, ëm 1,59%, nodeems se an de Jore virdru staark gefall war.
Am Allgemenge géif méi dacks an Haiser agebrach ginn, déi an engem urbanen Ëmfeld wieren, no bei den Haaptverkéiersachsen an no bei de Grenzen. Déi meeschten Abréch geschéie Freides a Samschdes am fréien Owend.
Traditionell hätt een déi meeschten Abréch am Ufank vum Summer an an de Wanterméint, wann et méi fréi däischter gëtt. Dofir géif d'Police zu deene Momenter hir Lutte géint Abréch och verstäerken. Am Géigesaz zu de Jore virdrun hätt een 2019 awer kee Pic am Ufank vum Summer gehat, esou d'Police.
An de meeschte Fäll géif et keng Ausernanersetzung tëschent Abriecher a Bewunner ginn, d'lescht Joer wieren et awer 5 sougenannten "Homejackinge" ginn, dat heescht Abréch, bei deenen d'Täter de Leit géigeniwwer gewalttäteg gi sinn oder hinne gedreet hunn.
Bei der Drogekriminalitéit gouf et vun 2018 op 2019 eng staark Hausse vun den Affären, schreift d'Police weider. 35% méi Leit wieren an deem Zesummenhang am Prisong an de Gebrauch wier ëm 51% an d'Luucht gaangen. D'Verhaftunge wieren allerdéngs liicht zréckgaangen.

Beim Drogentrafic hätt een eng Hausse vun 21% festgestallt an et goufen, an Zesummenaarbecht mat der Douane, 1.412 Saisie gemaach. Am Ganze goufen iwwer 359 Kilo Cannabis, 6,4 Kilo Heroin, 1,747 Kilo Kokain, 50.997 Ecstasy-Pëllen a 57 Gramm Amphetaminne beschlagnaamt.

