
D’Zuel vun den Demandë fir eng Autorisatioun, fir en neie Betrib opzemaachen, ass dat lescht Joer zwar liicht zeréckgaangen, mä d’Zuel bleift héisch. Op 8 Joer gekuckt, hätt 2023 déi véierthéchst Zuel un Demanden. Dat ass ee vun de Constaten, deen de Wirtschaftsminister Lex Delles bei der Presentatioun vum Bilan vun der “Generaldirektioun PME Handwierk an Handel” gezunn huet. 99,5% vun de Betriber hei am Land falen ënner de Begrëff vu PME (petites et moyennes entreprises), also Betriber, déi manner ewéi 250 Leit beschäftegen. Vun de ronn 41.000 PMEen hunn der eng 35.500 iwwregens manner ewéi 10 Salariéen.
Déi relativ stabel Zuel un Demandë fir eng Betribsgeneemegung géing weisen, datt d’Lëtzebuerger Ëmfeld fir nei Entreprisen oder Entreprisen aus dem Ausland nach ëmmer dynamesch wier. Fir attraktiv ze bleiwen, misst een allerdéngs permanent op eng Rei Aspekter oppassen a sech verbesseren, sou de Minister. Dëst Joer wéilt een dat ënnert anerem duerch weider administrativ Vereinfachunge maachen.
De Wirtschaftsminister huet dann och e positive Bilan vun de staatlechen Hëllefe fir kleng a mëttel Betriber gezunn. Och hei wier d’Zuel vun den Demanden zwar liicht zeréckgaangen, mee de Montant, deen ausbezuelt gouf, ass awer däitlech geklommen. D’Erklärung dofir ass, datt d’Betriber deels méi héisch Investissementer gemaach hunn an deels méi Hëllef dann dofir kruten.
Wéi vill Betriber potentiell Hëllef hätte kënne kréien, mee keng Demande gemaach hätten, dat wéisst een am Wirtschaftsministère net. Allerdéngs wier een an enkem Kontakt mat de Federatiounen a Beruffskummere fir d’Betriber op méiglech Hëllefen opmierksam ze maachen. Doriwwer eraus huet de Lex Delles erkläert, datt een Upassunge bei de sougenannten “de minimis"-Hëllefen ënnerholl hätt. Ënnert gewësse Konditioune kënnen Aiden eréischt no engem Investissement ugefrot ginn, wat virdrun net de Fall war.