Et gouf zolidd Roulementen un der Spëtzt vun der Presidence am Conseil, iwwert d’Generaldirektioun bis bei de Chef vun der Neuro-Pathologie. Dobäi waren och d’Waardezäite fir d’Analyse bei Kriibsfäll ëmmer nees am Gespréich. Elo soll een neie Wand kommen.
Bei den Zäiten, fir op Resultater bei Kriibs-Analysen ze waarden, goufe vill Delaien avancéiert. Do stellt d’Santésministesch Martine Deprez kloer:
“De Moment si mer bei urgente Fäll bei dräi Deeg an, an der Moyenne si mir bei sechs Deeg.”
Wann et net méi séier geet, da géif dat net un der Personaldecke leien.
”...et hänkt net um Staff, et hänkt un der Koordinatioun vun de Servicer, un der Koordinatioun vun den eenzele Leit. Do si mer amgaangen, dat Ganzt opzewullen an dat ass ënnerwee.”
Et ass also och eng Saach vun der Kontroll vun der Direktioun duerch de Conseil. Do ass een dann direkt bei enger Gouvernance.
Och do muss een usetzen, esou d’Martine Deprez:
“Dee ganz Conseil, do si Mandater, déi elo auslafen Enn Mäerz. Do si mir amgaangen, nei Leit ze sichen, fir an de Conseil d’administration ze kommen. Déi, déi elo do sinn, maachen dat interimesméisseg.”
Parallel gëtt och den neien Direkter rekrutéiert. Da si mer gutt, fir am Fréijoer mat neiem Elan an enger neier Strategie unzefänken.
Sujet beim Neiorganiséiere vum Staatslabo ass och d’Fro vum Monopol bei de pathologeschen Analysen.
“Och do si mer amgaangen, Diskussioune mam Board, Diskussioune mat der Direktioun ze féieren a mat de Laboen ze féieren, déi hei am Land aktiv sinn. Well do sinn aner Méiglechkeeten do an dat wäerte mir och am Laf vum nächste Joer diskutéieren am Kader vun där Strategie.”
All déi Changementer sollen am Fréijoer d’nächst Joer gräifen.