
Fir d’éischt war enger Patrull e verdächtege Grupp Persounen an der Géigend vun der Place de la Gare opgefall. Wéi d’Police schreift, hätten d’Beamte méi spéit gesinn, wéi zwou Persoune bei der Passerell iwwert der Gare eppes echangéiert hunn.
Op hire Verdacht hin, datt et en Drogendealer a -keefer wieren, goufen d’Persoune kontrolléiert. Bei der presuméierter Keeferin konnt dobäi eng Drogeplomb séchergestallt ginn. Beim presuméierten Drogendealer haten d’Polizisten e bësse méi ze kontrolléieren. Nodeems si 14 Drogeplombe beim Mann fonnt haten, gouf de Parquet doriwwer informéiert. Dësen huet doropshin eng Untersuchung mat engem Scanner ordonéiert. Hei goufen du schlussendlech 19 Friemkierper am Kierper vum Verdächtege fonnt.
De presuméierten Drogendealer gouf doropshin op Uerder vum Parquet festgeholl. Hien hat e Freideg de Moie Rendez-vous beim Untersuchungsriichter, deen ugeuerdent huet, datt de Mann an Untersuchungshaft muss.