Tour iwwer déi 682. EditiounMat 50 Euro op d'Fouer

Jeannot Ries
Wat kënne sech Eltere mat zwee klenge Kanner fir 50 Euro op der Schueberfouer leeschten?
Mat 50 Euro op d'Fouer
Wat kënne sech Eltere mat zwee klenge Kanner fir 50 Euro op der Schueberfouer leeschten?

Ugefaangen hu mer eisen Tour iwwer d’Fouer mat enger Attraktioun, déi um Glacis net feelen däerft. D’Riserad. Zwee Mol 8 Euro fir d’Elteren an zwee Mol 5 Euro fir d’Kanner a mir stoungen an der Schlaang. E wéineg Gedold war scho gefrot, iert et un eisem Tour war. Den idealen Optakt, fir sech als Famill zesummen en éischten Androck vun der 682. Editioun ze maachen. Mat Bléck op Attraktioune wei Mr. Gravity, Infinity oder deen 80 Meter héije Jules Verne Tower. Dat ganzt a klimatiséierte Kabinnen, wat op engem Nomëtteg wéi e Samschdeg bei 29 Grad gutt gedoen huet.

Vum Riserad goung et eriwwer op déi kleng Fliger. Eng Traditioun, déi fir d’Kanner ëmmer e Must ass. Zwee Mol 3 Euro. Iert et eng éischt Erfrëschung fir d’Kanner gouf. Zwou Bulle Glace (5 Euro) an en Eisekuch mat Schlagsan och fir 5 Euro. Duerno gouf gefëscht. 12 Inte fir 6 Euro. Hei bäisse se op d’mannst nach un. An e Bibelot als Belounung hu se sécher an der Täsch.

D’Riserad zu 4, en Tour op déi kleng Fliger, Intefëschen, Glace an Eisekuch, an eisen éischte 50 Euroschäi war praktesch fort. Zwee Euro bloufen.

3 Euro hei, der 5 do an nach emol 7 Euro.

Kleng Zommen, déi sech séier rechnen. En Tour iwwer d’Fouer schléit an de Portmonni, wann een als Eltere mat zwee begeeschterten Däbbessen ënnerwee ass.

An elo ware mer nach net richteg Iessen.

5 Euro den Thüringer, wéi mer dat Dénge fréier genannt hunn.
7 Euro fir en hallwe Liter Béier.
4 Euro 80 eng Viva.

Guer net vum gebakene Fouerfësch ze schwätzen, deen eng 29 Euro a 50 Cents kascht. Oder 22 Euro 50 fir de Fouerkascht, Hamm, Fritten an Zalot.

Wien eng grouss Sortie plangt, huet besser e puer där 50er-Schäiner mat op de Glacis ze bréngen.

Back to Top
CIM LOGO