
Kuerz no 22 Auer e Freideg den Owend gouf an der Rue Nicolas Van Werweke zu Hollerech e Passant vu véier Persounen ugeschwat a kuerz drop mat engem Messer menacéiert. Wéi déi véier Täter d’Sue geklaut haten, si si fortgelaf. Blesséiert gouf keen.
D’Affer konnt awer ee vun de Männer beschreiwen: Dësen ass vun heller Hautfaarf, kleng an tëscht 25 an 30 Joer al. Hien hat eng Kapp, eng Jeansjackett an eng Bauchtäsch un.
Eng Stonn méi spéit gouf eng Fra op der Kräizung tëscht der Hollerecherstrooss an der Rue Adolphe Fischer beklaut. E Mann war a si gerannt. Wéi si nogefrot huet, ob alles an der Rei wier, ass dësen awer fortgelaf. Kuerz drop huet d’Fra festgestallt, datt hiren Handy geklaut gouf.
De presuméierten Täter ass och kleng an dënn, ronn 30 Joer al a war éischter de südlänneschen Typ. Hien hat eng schwaarz Jackett an eng donkelblo Joggingsbox un. D’Affer hat d’Impressioun, datt de Mann alkoholiséiert war.