Dofir goufe scho 54 vun am Ganzen 170 Luuchtepottoen duerch nei LED-Luuchten ersat. Dës si méi frëndlech fir d’Insekten. Déi al, wäiss Stroosseluuchte stéieren nämlech de Biorhythmus vu Mënsch an Déier.
LED-Luuchten hëllefen, d’Stroumkäschten ze drécken an no dësem Prinzip zu Pëtschent kënnen d’Luuchten intelligent gesteiert ginn. Bei tëscht 80.000 an 120.000 Stonne läit d’Liewensdauer vun esou Stroosseluuchten. Och d’Gemengen Hesper, Suessem, Diddeleng an d’Stad Lëtzebuerg ginn op dëse Wee vun der Stroossebeliichtung.