Op hirem Nationalkongress zu Mamer hunn d’Sozialiste sech a Stëmmung bruecht fir d’Europawalen den 9. Juni. Virun engen 250 Delegéierte gouf kloergestallt, wien de Géigner ass: déi Konservativ an déi Riets, déi a ganz Europa an och zu Lëtzebuerg um Virmarsch wieren. Si géifen d’Gesellschaft splécke mat Hallefwourechten, Fake News a Skrupellosegkeet an Angscht maachen. Angscht maache géif och ëmmer méi de Fonds de Commerce vun der CSV, esou de Parteipresident Dan Biancalana mat op tendenziéis Aussoe vum CSV-Deputéierte Marc Lies an dem Inneminister Léon Gloden iwwer Flüchtlingen, respektiv Heescherten.
D’LSAP iwwerdeems wéilt sech eppes trauen, zu hiren Iddie stoen a Politik maache mat Häerz, fir Europa ze stäerken an de Wuelstand vu jidderengem ze verdeedegen. Et wär genuch do, fir datt et all Mënsch gutt géing, haut ewéi muer, sot d’Parteipresidentin Francine Closener.
De Marc Angel, EU-Vizepresident vum Europaparlament, féiert d’LSAP an dës Europawalen. Dat zesumme mat senger Co-Spëtzekandidatin Danielle Filbig. Déi 26 Joer jonk Rammerecher Gemengeconseillère. Weider kandidéieren d’Chamber-Deputéiert Liz Braz, Franz Fayot a Mars Di Bartolomeo an d’Partei-Mataarbechterin Michaela Morrisova. D’Lëscht gouf um Sonndeg de Moie mat 96,61% vun den delegéierte Stëmmen ugeholl. Och de Walprogramm gouf unanime ugeholl.
De Shooting-Star vun der LSAP ass awer den Ament den EU-Kommissär Nicolas Schmit, dee jo fir déi europäesch Sozialdemokraten untrëtt, fir den nächsten EU-Kommissiounspresident ze ginn. Hie gouf gefeiert fir seng emotional Ried iwwer seng Visioune fir Europa. Den Nicolas Schmit geet jo selwer net mat an d’Europawalen, huet de Kandidate seng vollst Ënnerstëtzung ausgeschwat, fir datt d’LSAP minimum ee Sëtz kéint bäileeën. “Dat ass méiglech mat engem Programm, deen zolidd ass, op d’Mënschen zougeet a jidderengem weist, datt Europa déi eenzeg Hoffnung ass fir d’Zukunft.”