
Et gëtt en Ënnerscheed gemaach tëschent deene Leit, déi ëmmer direkt mat de Schüler schaffen, an deenen, déi nëmmen zum Deel direkt mat de Schüler schaffen. Zu der zweeter Kategorie gehéieren zum Beispill Mataarbechter vu Kompetenzzenter, déi sech ëm d’Diagnostik këmmeren. Fir si wäerten net méi d’Schoulvakanze gëllen, well si net onbedéngt un d’Schoulzäite gebonne wieren. D’Rapportrice an DP-Deputéiert Barbara Agostino:
“Dofir gëtt et hei keng Noutwendegkeet vun de Prinzippie vun der Aarbechtszäit an der Aarbechtszäitgestioun ofzeweechen, wéi se am Statut général vun de Staatsbeamte virgesi sinn. Heiduerch soll och séchergestallt ginn, datt iwwert dat ganzt Schouljoer ewech eng Kontinuitéit a virun allem Qualitéit vun de Leeschtunge vum edukativen a psychosoziale Personal garantéiert ass.”
Donieft gëtt eng obligatoresch Formation continue agefouert, an eng nei Kategorie vu Personal, sougenannten “Assistants pour élèves à besoins éducatifs spécifiques”. D’LSAP-Deputéiert Francine Closener huet vun enger Verschlechterung vun den Aarbechtskonditioune fir en Deel vum Personal geschwat.
“Dat hei ass ganz einfach eng verpasste Chance, fir dem Secteur ze hëllefen, fir datt e rëm Leit unzitt, fir där Penurie entgéintzewierken. Et ass eng verpasste Chance, fir d’Inclusioun an eise Schoulen ze verbesseren an allen Enseignanten, dem ganze Personal méi Loft ze ginn, fir hir Aarbecht esou ze maache wéi si et wëllen. An et ass awer net nëmmen eng verpasste Chance, mee carrement och eng Verschlechterung fir vill engagéiert Leit, deenen d’Wuel vun deene Kanner, déi se encadréieren, um Häerz läit an déi sech hei einfach ignoréiert fillen.”
Änlech Kritik koum vun déi gréng, Piraten an déi Lénk an och d’ADR huet d’Gesetz net matgestëmmt. D’Gesetz gouf mat de Stëmme vun der Majoritéit ugeholl. Et baséiert op engem Accord tëschent dem Minister an den zoustännege Syndikater vun der CGFP.
Den CSV-Deputéierte Jeff Boonen huet bedauert, datt dat zoustännegt Syndikat APCCA vum SEW/OGBL net mat agebonne gouf.