
D’Diana M. vu Beetebuerg huet d’RTL-Redaktioun kontaktéiert, well si op d’Situatioun zu Beetebuerg wollt opmierksam maachen. An de leschte Méint sinn ëmmer nees Autoen zu Beetebuerg zerkraazt oder mat Steng beschoss ginn. Vun hirer Famill wieren an de leschte Wochen eleng 4 Autoe beschiedegt ginn. Si hätt dowéinst och scho Plainte bei der Police gemaach.
De Pressebüro vun der Police confirméiert op Nofro, dass et an de leschte Woche reegelméisseg zu Fäll komm ass, an deenen Autoe beschiedegt goufen. Déi entspriechend Ermëttlunge géife lafen.
Wéi vill Autoe genee beschiedegt goufen, si mer net gewuer ginn. D’Police réit Persounen, déi eppes gesinn hunn, awer dozou, sech ze mellen.
Och der Gemeng wier de Problem bekannt, esou de Buergermeeschter Laurent Zeimet: “Et ass extrem nerveg an opfälleg dacks an de leschte Woche geschitt.”
Et wier een och a Kontakt mat der Police an et wier och schonn Thema an der Kommissioun fir Sécherheet a Preventioun vun der Beetebuerger Gemeng gewiescht.
D’Diana M. huet och e Bréif un d’Gemeng geschriwwen a krut an der Äntwert matgedeelt, dass een déi ganz Situatioun géif eescht huelen.
D’Gemeng verweist an dem Bréif och op eng Informatiounsversammlung mat der Police den 18. November, wou et virop ëm Abréch géif goen, mee och déi zerkraazten Autoen dierfte Sujet sinn.