
Wien an der Lescht um Belval ënnerwee war, deem dierft opgefall sinn, datt un enger Partie Beem Säck a Woll mat engem Stéck Holz festgemaach sinn. Dobäi handelt et sech net ëm eng neimoudesch Dekoratioun, mee et stécht duerchaus ee Sënn hannendrun. D’Installatioun soll nämlech verhënneren, datt den Eichenprozessionsspinner op der Sich no Iesse vun de Beem op de Buedem kraucht an domadder Mënschen, virop kleng Kanner, an Déiere wéi zum Beispill Hënn a Gefor bréngt. Dat huet de Christian Veletta, Architekt beim Fonds Belval, op Nofro hin erkläert.
D’Raupe ginn nämlech net gär iwwert d’Woll, sou datt dës eng Zort Barrière duerstellt. Sou bleift den Déieren näischt anescht iwwreg, wéi an d’Säck ze krauchen. Ma och wa se einfach um Bam sëtze bleiwen, hätt dat de Virdeel, datt ee se besser gesäit, wa se uewen am Bam sëtzen. Dat géing et esouwuel méi einfach maachen, fir d’Raupen ewechzehuelen wéi och zu engem Bewosstsi bei de Leit féieren, datt een oppasse muss. Deelweis goufen och Pheromoner verspreet, fir d’Raupen unzelackelen.
Dem Christian Valetta no huet een déi Method schonn d’lescht Joer ausprobéiert, nodeems een änlech Installatiounen a Stater Parke gesinn huet. Et wier een Test an et géing een um Enn vum Summer ee Bilan zéien. Bis elo hätt een esouwuel dëst wéi och d’lescht Joer weider keng Eichenprozessionsspinner um Belval fonnt. Dat géing eben och ëmmer vum Wieder ofhänken.
Um Belval gëtt et méi wéi 200 Eechen, ronn 50 Fale goufen installéiert. Et sief drun erënnert, datt ee weder d’Eichenprozessionsspinner selwer, nach hir Näschter upaken an ee Bou ronderëm befale Beem maache soll. De Kontakt mat de Raupe kann nämlech ënnert anerem eng Dermatitis ausléisen an zu Otemproblemer féieren.