
Éischten Erkenntnisser no huet de Mataarbechter widderhuelt Zigarettestaangen op der Tankstell zu Maartel geklaut. Op Uerder vum Parquet hunn d’Beamten de Mann selwer a säin Auto duerchsicht. Am Gefier vum Mataarbechter konnten deemno 71 Staangen Zigarette séchergestallt ginn.
De Verdächtege gouf doropshi festgeholl a koum virun en Untersuchungsriichter.