
Um Méindeg am spéiden Nomëtteg gouf d’Police op d’Stäreplaz geruff, well hei en alkoholiséierte Mann e Mataarbechter vum Tram soll belästegt hunn. Dëse gouf vun der Police matgeholl, gouf vum Dokter ënnersicht a koum dunn an eng Zell fir niichter ze ginn.
Kuerz drop gouf de Beamten eng weider alkoholiséiert Persoun gemellt, déi an der Groussgaass an der Stad soll Clienten an engem Geschäft belästegt hunn. Wéi d’Polizisten op d’Plaz koumen, war de Mann onkooperativ. Dëse gouf du festgeholl an an d’Zell bruecht. Géint de Mann gouf e Protokoll wéinst Beleidegung geschriwwen.