Flüchtlingsstruktur zu Eech mécht Dieren zouMax Hahn: Wëlle keen Ënnerscheed tëscht Lëtzebuerger a Refugiéë maachen

Marc Hoscheid
41 Leit kéinten no der Fermeture vun der Struktur fir Flüchtlingen zu Eech op der Strooss landen.
Symbolbild vun enger Flüchtlingsstruktur
Symbolbild vun enger Flüchtlingsstruktur
© RTL Archiv

Wéi d’Kolleege vum Lëtzebuerger Wort um Mëttwoch gemellt hunn, muss ee Centre d’accueil fir Flüchtlingen zu Eech an der Stad seng Dieren zoumaachen. Am Fong hätt dat well dëst Joer de Fall solle sinn, ma de Familljeministère krut de Rendez-vous awer op d’Fréijoer 2025 no hanne geréckelt. An der Struktur ginn et 70 Better. Ongeféier d’Hallschent ass fir Demandeurs d’asyl, also Leit, déi nach an der Prozedur sinn. Dës ginn elo vum Office national de l’accueil relogéiert. De Rescht vun de Better ass fir Leit, déi de Statut schonn hunn. Am Fall vun Eech sinn dat genee 41 Mënschen. Déi gi behandelt wéi all Resident zu Lëtzebuerg. De Familljeminister Max Hahn erkläert:

“Dat Tückescht hei drun ass jo e bëssi, an dat ass jo ze bedaueren, datt jo ganz vill Leit op Lëtzebuerg kommen - zwar net nëmmen - mee ganz vill Leit op Lëtzebuerg kommen, fir hei Schutz ze sichen a sech net onbedéngt bewosst sinn, wat fir eng schwiereg Logementssituatioun mer hei zu Lëtzebuerg hunn an déi stellen dat grad an esou Situatioune fest. Dat féiert och dozou, datt ganz vill Leit nach an den ONA-Strukture sinn, obwuel se scho laang de Statut hunn, wat natierlech net zefriddestellend ass. Mee an engem Land wéi Lëtzebuerg, wou ganz vill Lëtzebuerger och Problemer hunn, fir een Daach iwwert dem Kapp ze fannen, ass dat natierlech net anescht fir Refugiéen an do wëlle mer och keen Ënnerscheed maachen.”

Am Moment ginn et zu Lëtzebuerg 74 Strukture fir Flüchtlingen. Just ee klengen Deel dovunner gehéiert dem Staat, de Rescht Privatpersounen. Et wier net ongewéinlech, datt Strukture missten zougemaach ginn, well de Proprietär d’Gebai anescht notze wëllt. Déi betraffe Flüchtlinge kréichen ëmmer mat Zäite Bescheed gesot. Fir d’Struktur zu Eech wier dat schonn am Februar de Fall gewiescht.

Back to Top
CIM LOGO