
Dëst Joer kréien nees 15 jonk Leit d’Méiglechkeet, Andréck vun der Medie-Landschaft ze sammelen. Si kënne sech bis den 12. Mäerz 2025 mat enger kreativer Kandidatur – sief et e Motivatiounsbréif, eng Tounopnam, e Video oder soss eng originell Aart a Weis – bei der Landesmedienanstalt Saarland (LMS) bewerben. De Fokus läit dëst Joer um Thema: „Den Asaz vu KI am Journalismus – Chancen a Risike fir d’Medie-Landschaft“.
Mellt Iech u bei media-and-me@LMSaar.de
Fir dës Editioun gëtt et eng speziell Bewerbungs-Aufgab. D’Kandidate mussen e Bäitrag zu engem vun den zwee follgenden Theemen erareechen:
De Projet “Media & Me” gëtt organiséiert vum MedienNetzwerk SaarLorLux a Partenariat mat 26 Entreprisen an Institutiounen aus der Groussregioun. De Jan Hofer, fréiere Chef-Spriecher vun der Tagesschau an aktuellen Noriichtespriecher vun RTL Direkt, iwwerhëlt nees de Patronage.
Dokumenter an Informatiounen, fir Är Kandidatur ofzeginn, fannt Dir ënnert dësem Artikel.
Media & Me - Poster 2025 (deutsch)
Media & Me - Poster 2025 (français)
Media & Me - Flyer (deutsch)
Media & Me - Flyer (français)
Media & Me - Bewerbungscheckliste (deutsch)
Media & Me - Bewerbungscheckliste (français)
Media & Me - Bewerberbogen inkl. Datenschutzerklärung