
D’Kand wollt iwwert d’Strooss goen, wéi en Auto um Zebrasträifen iwwert säi Fouss gefuer ass. De Chauffer vum Auto mat däitsche Placken ass einfach weidergefuer. D’Meedche gouf nom Accident an der Klinik behandelt.
Jiddereen, deen eppes an Uecht geholl huet, ass gebieden, sech bei der Police vu Maacher ënnert der Telefonsnummer 244701000 ze mellen.