Bilan 2023Méi Accidenter mat schwéier, awer manner mat déidlech Blesséierten

RTL Lëtzebuerg
De Mobilitéitsministère huet en Donneschdeg d'Zuele vun de Verkéiersaccidenter presentéiert. Deemno gouf et 2023 manner déidlech Virfäll op eise Stroossen.
© RTL Archivbild

26 Leit sinn zejoert bei Accidenter op eise Stroossen ëm d’Liewe komm. Dat sinn 31 Prozent manner wéi am Joer virdrun. Allerdéngs ass d’Unzuel u Leit, déi schwéier blesséiert goufen op e Joer gekuckt ëm 35 Prozent an d’Luucht gaangen.

Heefegste Grond fir Accidenter bleift d’Vitess. 22 Prozent vun den Accidenter mat schwéier Blesséierten an 42 Prozent vun den déidlechen Accidenter sinn op exzessiv Vitess zréckzeféieren. Am Ganze gouf et 8 déidlech an 39 Accidenter mat schro Blesséierten, bei deenen Alkohol am Spill war.

PDF: De komplette Bilan vun den Accidenter 2023

Back to Top
CIM LOGO