Asaz am Garer QuartierMéi Beamten am Asaz, well Persoun mat Schosswaff gemellt gouf

RTL Lëtzebuerg
D'Police gouf en Donneschdeg géint 18 Auer an de Garer Quartier geruff, well hei eng Persoun mat méiglecher Schosswaff gemellt gouf.
© Archiv

E Buschauffer hat eng Grupp vu ronn 10 Jugendlechen observéiert, woubäi hien den Androck hat, datt ee vun de Jonken eng Waff bei sech gehat hätt. De Mann huet d’Police alarméiert an aacht Patrulle goufen an de Garer Quartier geschéckt.

Beim Asaz, dee scho géint 19 Auer eriwwer war, goufen déi verdächtegt Persoune kontrolléiert, ma et konnt keng Schosswaff oder eppes anescht Verdächteges fonnt ginn, wéi d’Police confirméiert.

Back to Top
CIM LOGO