Rentrée bei RTL Radio LëtzebuergMéi fréi informéiert an nei Auerzäite fir d'Journallen

Roy Grotz
Andy Brücker
D'Rentrée op RTL Radio Lëtzebuerg dëse Méindeg versprécht och Ännerungen am Programm, wou mer d'News-Konzept iwwerduecht an iwwerschafft hunn.

De Bob Konsbruck an de Roy Grotz erklären den neie Programm um Radio

Well mer eis Auditeuren nach éischter wëllen informéieren, sinn déi éischt Nouvellë moies ewell um 5.30 Auer an da wéi gewinnt am hallef-Stonnen-Takt bis 9 Auer.

Och déi dräi Journalle réckelen no vir, esou datt Dir éischter de komplette “Point” vun der Aktualitéit zerwéiert kritt: moies um 7, mëttes um Punkt 12 Auer an de Feierowend-Journal ewell um 17 Auer.

Wat mer als Redaktioun als prioritär Nouvellë behandelen, wou mer an d’Déift ginn an den Hannergrond vun den Informatiounen erklären, gëtt Iech a Reportagen tëscht 7 an 8 Auer, an der Mëttesstonn an no 17 Auer offréiert.

Dëst sinn natierlech och Hannergrond-Informatiounen, déi am Gespréich mat Journaliste verdéift traitéiert ginn, grad wéi Live-Interventiounen iwwerall vun do, wou d’Aktualitéit grad eis Presenz verlaangt, an den RTL-Mikro net dierf feelen.

Natierlech leeë mer weider moies um 7.50 Auer de Fokus op d’News aus der Wirtschaft an um 12.45 Auer proposéiere mer Iech d’Carte Blanchen an d’Commentairë vun eisen Auteuren - hir perséinlech Vue op aktuell Sujeten.

Och den Invité vun der RTL-Redaktioun kritt säi Rendez-vous éischter, dee moies um 8 Auer ass.

De Bob Konsbruck an de Roy Grotz erklären den neie Programm um Radio

News-méisseg bleift de Schwéierpunkt um Weekend all Samschdeg an der Mëttesstonn um RTL-Background, mat engem oder méi Invitéen am Radio-Studio, grad wéi all zwou Wochen um Sonndeg am RTL-Presseclub mat Kolleegen aus der Lëtzebuerger Medien-Zeen.

Och mat dem adaptéierten Neiegkeete-Programm bleift RTL Radio Lëtzebuerg um Bols vun der Aktualitéit a liwwert Iech nach éischter a séier d’Informatiounen, déi Dir braucht, fir Iech e Bild vun der Situatioun ze maachen: séier, präzis an exakt.

Rentrée bei RTL Radio Lëtzebuerg
Méi fréi informéiert!

Wien héiert ee wéini um Radio?

Dës Ännerunge ginn natierlech vun den RTL-Animatricen an Animateure begleet.

An der Woch, méindes bis freides, gëtt den RTL Wecker vum Dan Spogen presentéiert, 5:30 bis 9:00.
Duerno iwwerhuelen d’Marie Gales an d’Michelle Reiter, am zwou-Woche-Rhythmus, bis mëttes 12 Auer.
Déi nei RTL Mëttesstonn gëtt vum Gibbes Bertolo moderéiert.

Um 13 Auer iwwerhëlt de Laurent Gillander, éier dann d’Marie Gales an de Jean-Marc Turmes, am zwou-Woche-Rhythmus, Iech duerch den RTL Feierowend begleeden, deen da bis 19.30 Auer dauert.

Méindes owes tëscht 19.30 an 21 Auer heescht et dann erëm “Am Takt – 100 % Musek Made in Luxembourg” presentéiert vum Valeria Wiwinius a Bob Konsbruck am Wiessel.

Lauschtert hei de Radio LIVERTL Radio Lëtzebuerg - Ären nationalen an internationalen News-Begleeder zu all Ament vum Dag.

© RTL Grafik

Back to Top
CIM LOGO