
Et ass ee ganz aktuelle Sujet virum Hannergrond vun allen Transitiounen, déi amgaange sinn, sief et bei der Energie oder dem Digitalen. D’Formation continue gëtt ëmmer méi wichteg, well um Aarbechtsmaart ëmmer nei Kompetenze gefrot ginn, well een d’Leit muss aus dem Chômage kréien oder nach well et un den néidegen Talenter feelt. Dacks ass et de Reflex, déi Talenter vu wäit ewech an d’Land ze lackelen. Et kann ee se awer och heiheem forméieren, esou d’CSL.
Et géif heiheem och eng richteg national Strategie an deem Beräich feelen an et géif un der Koordinatioun tëscht dem Aarbechts-an den Educatiounsministère haperen. D’Nora Back Presidentin vun der Chambre des Salariés ënnersträicht:
“Mir sinn eis jo alleguerten eens, Politik, Patronat a jiddereen ass sech eens ...mir hätte gär gutt Leit, gutt ausgebilte Leit. Dat kascht eben eppes, da muss ee sech d’Moyene ginn, finanziell, juristesch, et muss ee sech d’Gesetzer ginn an et muss ee sech d’Ressourcë ginn, fir dat ze maachen ...”
Fir d’CSL missten d’Indemnitéiten fir d’Léier un d’Evolutioun vum Mindestloun ugepasst ginn, Leit mam Techniker-Diplom missten an hirem Beräich en direkten Accès op eng Héichschoul kréien an et misst méi gemaach ginn, fir berufflech Héichschoul-Studien. Eng weider Fuerderung ass eng generell Formatioun wärend der Karriär, ouni dass den Aarbechtsvertrag a Fro steet.
Heiheem misst et dowéinst e Recht op Formatioun ginn, de Congé fir Formatioun misst adaptéiert ginn, d’Formation continue sollt och finanziell méi ënnerstëtzt ginn an et misst méi gemaach ginn bei der Offer respektiv der Orientatioun bei der Formation continue.
Fir déi sëllege Formatioune bei der CSL waren d’lescht Joer iwwer 15.000 Leit ageschriwwen. Dat war neie Rekord, Tendenz steigend.