ILRMéi Rechter fir d'Telekommunikatiounsclienten

RTL Lëtzebuerg
Den Institut Luxembourgeois de Regulation (ILR) huet d'Rechter vun den Telekommunikatiouns-Clienten gestäerkt
Méi Rechter fir d'Telekommunikatiounsclienten
Den Institut Luxembourgeois de Regulation (ILR) huet d’Rechter vun den Telekommunikatiouns-Clienten gestäerkt.

Eng Partie Neierungen, hunn verschidden Operateuren schonn an en leschten Joren op fräiwëlleger Basis ugebueden, ma elo kruten déi Servicer en legalen Kader.

D’Operateuren mussen elo zum Beispill eng gratis Funktioun ubidden, fir datt den Client zu all Moment wees, wou hie mat sengem Dateverbrauch drun ass.

Do dernieft mussen d’Operateuren den Profil vum Client all Joer op e Neits analyséieren, an eventuell en Abonnement virschloen, dee besser bei hie passt.

Eng weider Ännerung betrëfft déi sougenannten Portabilitéit. Dat heescht, wann een den Operateur wiesselt a seng Nummer wëll behalen. D’Handysnummer muss een Mount reservéiert ginn.

Den ILR vermëttelt och wann et zum Sträit tëscht dem Client an dem Operateur kënnt. 98 Affären am Beräich Telekommunikatioun hunn si zejoert traitéiert, a ronn 80 Prozent vun den Fäll ass en Accord fonnt ginn.

Back to Top
CIM LOGO