RéckruffMéiglech Friemkierper an Ana Hop Béier vu Brasserie Lefebvre
D'Lëtzebuerger Liewensmëttelverwaltung rappelléiert, dass een oppasse soll, wann een de 0,4 Prozent Ana Hop Béier consomméiert.
Verëffentlecht: 09.08.24 12:21, Update: 09.08.24 12:27
An der Serie 95844 mam Oflafdatum 12/07/2025 kéinte Friemkierper sinn. Dat kéint Erstécken an ënnerlech Blessure mat sech bréngen. De Produit gëtt op verschidde Plazen am Land verkaf.