Martine Deprez Méiglech Kollaboratioun tëscht CHEM an "Hygie Imagerie" am Gespréich

RTL Lëtzebuerg
Souwuel d'ADR wéi och d'Piraten haten eng Partie Froen un d'Gesondheetsministesch, wat dësen Dossier betrëfft.
© AFP

No der Nouvelle vun e Mëttwoch, datt de private Radiologie-Zenter zu Esch “Hygie Imagerie” hire Scanner- a Mammographie-Apparat net dierfe benotzen, war dëst Sujet vun zwou dréngende parlamentaresche Froen an der Chamber.

D’Martine Deprez huet erkläert, datt ee sech mam private Radiologie-Zenter eens gi wier, datt si net konform mam Gesetz wieren an d’Apparater dofir momentan net benotze kéinten. Eng méiglech Kollaboratioun mam CHEM wier awer am Gespréich. Fir d’Patienten, déi schonn e Rendez-vous fixéiert haten an elo Schwieregkeeten hätten, bei engem vun de véier Haaptspidolszentere bäizekommen, géif de Gesondheetsministère sech iwwerdeems dorëms këmmeren, huet d’Ministesch nach preziséiert.

Back to Top
CIM LOGO