Froestonn an der ChamberMënscheschmuggler zu Lëtzebuerg a Waardezäiten am Pôle autisme

RTL Lëtzebuerg
No der Publicatioun vun engem BBC-Reportage iwwert e Mënschenhändler wier e Mandat ausgestallt ginn, fir de Mann am Centre de rétention festzehalen.

Nodeems d’lescht Woch BBC e Reportage iwwert e Mënscheschmuggler verëffentlecht huet, dee sech zu Lëtzebuerg opgehalen huet, huet den LSAP-Deputéierten Dan Biancalana en Dënschdeg Prezisioune gefrot, dat vum CSV-Inneminister Léon Gloden an der Chamber-Froestonn.

De Minister huet erkläert, datt aktuell net gewosst wier, ob de Concernéierte sech nach zu Lëtzebuerg ophält. No der Publikatioun vum Reportage wier e Mandat ausgestallt ginn, fir de Mann am Centre de rétention festzehalen. Wéi d’Beamte mat deem Mandat an de Centre Primo-Accueil komm wieren, wier de Mann awer net méi do gewiescht. D’Police géing elo mat enger Enquête préliminaire befaasst ginn, esou den Inneminister Léon Gloden.

Am CHL gëtt et iwwerdeem aktuell eng Waardezäit vu 6 bis 8 Méint fir en éischte Rendez-vous am Pôle autisme. Bei Kanner ënner 2 Joer géing awer gekuckt ginn, fir e Rendez-vous bannent enger Woch ze ginn. Dat huet d’CSV-Gesondheetsministesch Martine Deprez der CSV-Deputéiert Stéphanie Weydert geäntwert.

D’Demande fir d’Diagnose fir Autismus wier rezent staark geklommen, net just zu Lëtzebuerg, mee allgemeng an Europa. Et géing een ënnersichen, wourunner dat léich. Bei 60% vun den Diagnosen, déi am CHL gefrot ginn, géing och festgestallt ginn, datt d’Persoun um Autismusspektrum ass.

D’Deputéiert Weydert huet sech an hirer mëndlecher Fro doriwwer gewonnert, datt si op eng schrëftlech Fro zu deem Thema nëmmen eng knapp Äntwert vum Gesondheetsministère kritt hätt an datt just de Gesondheetsministère dorop geäntwert hätt. D’Gesondheetsministesch sot dozou, et hätt ee keng Contributioune vum Familljen- oder Educatiounsministère kritt.

An der Chamber gouf en Dënschdeg iwwerdeems och iwwert d’Transpositioun vun enger europäescher Direktiv an nationaalt Recht ofgestëmmt, mat där d’Verbreede vun terroristeschem Contenu online soll ageschränkt ginn. Internetplattforme kënnen domat obligéiert ginn, Contenu bannent kuerzer Zäit ze läschen oder ze blockéieren. D’Deputéiert hunn d’Gesetz gréisstendeels begréisst, Kritik gouf et awer vun déi Lénk an de Piraten. Et géing ee sech Suergen ëm d’Meenungsfräiheet maachen, esou de Piratendeputéierte Marc Goergen.

“Wann elo Ungarn higeet, den Orban, an hie fënnt verschidde Saachen an Europa, wou him net gefalen, an hie géing déi als Terrorismus astufen, kann hie Lëtzebuerg den Optrag ginn - als Beispill - fir dat aus dem Internet erauszekréien. Do stinn och keng kleng Strofen drop.”

Och de lénken Deputéierte Marc Baum huet virun esou méigleche Mëssbräich gewarnt.

Back to Top
CIM LOGO