Eisen Informatiounen no gehéieren d’Skeletter zu Iwwerreschter vun engem Kierfecht, deen zum Hospice gehéiert kéint hunn, dee vun 1313 bis 1550 do stoung, wou dono e Klouschter hi koum an elo d’Grënnesch Kierch steet.
Wéi Neimënster renovéiert ginn ass, ware schonn Iwwerreschter vu Kierfechter fonnt ginn. D’Decouverte vun elo gouf am Kader vun der Nei-Gestaltung vum Parvis vun der Kierch am Gronn gemaach.