Déi mental Gesondheet vun deene Jonken ass méi schlecht ginn. Dat war de Constat e Méindeg de Moie beim Optakt vun de Semaines de la santé mentale, organiséiert vun der Ligue d’Hygiène mentale a vum Gesondheetsministère. Iwwert déi nächst Woche sinn ënnert anerem en Theaterstéck, e Festival a Concerte geplangt. Donieft solle 500 Leit an der Éischter Hëllef fir d’mental Gesondheet forméiert ginn.
Dës Formatioun gëtt et zanter 2021 a bis elo hu knapp 7.000 Leit dorun deelgeholl. Vun der Ligue war et kloer d’Fuerderung no anere Prioritéite bei der Gesondheetspolitik. E Message, dee bei hir ukomm wier, sou d’Gesondheetsministesch Martine Deprez.
“Natierlech, wéi ech ukomm sinn, hunn ech de Plan santé mental studéiert. An duerch meng Erfarung am Schoulsystem weess ech, datt déi Jonk vill brauchen a vill Encouragement brauchen. An duerfir sinn déi Jonk eis éischt Prioritéit.”
Si wéilt déi verschidden Acteure besser matenee vernetzen an och besser mam Educatiounsminister a mam Familljeminister zesummeschaffen, sou d’Ministesch. An de Schoule misst nach méi gemaach ginn.
“Mir hunn am Moment d’SEPASen, déi sech isoléiert de Problemer vun de Jonken an de Lycéeën unhuelen. Mir hunn an de Grondschoule kee sou ee System en place. Och do musse mer verstäerkt déi Jonk sensibiliséieren [...], fir sech fir de Sujet z’interesséieren, andeems mer Éischthëllefscoursen och an de Schoulen offréieren an andeems mer d’Médecine scolaire Richtung Santé scolaire ëmwandelen an och de Volet Santé mentale do verstäerkt mat a Betruecht geholl gëtt.”