
D’Affer goufen op der Plaz behandelt, ier se an d’Klinik gefouert gi sinn. Et war keen a Liewensgefor. Déi zwee Verdächteg konnte kuerz drop fonnt ginn. Den Hannergrond war wuel e Sträit tëscht deene véier Persounen, dobäi huet ee Verdächtegen d’Messer ausgepaakt. Dee Mann ass op Uerder vum Parquet festgeholl ginn.
E Freideg den Owend waren zwou Persounen an der Rue des Martyrs zu Rëmeleng an engem Appartementshaus mat engem Messer blesséiert ginn. Wéi se ukomm sinn, hätten d’Beamte Kampfspuere fonnt a méi Leit, déi sech gestridden hunn. Alleguerten, déi bedeelegt waren, goufe mat op de Policebüro geholl, fir kontrolléiert ze ginn.