Reen a Knëppelsteng ware gemelltMeteoLux huet géint 20.40 Auer d'Alerte Orange opgehuewen

RTL Lëtzebuerg
MeteoLux hat fir e Méindeg vun 18 Auer un eng Alerte orange erausginn. Bis 22 Auer sollt et méi ongemittlech dobausse sinn.

War et am Laf vum Moie nach sonneg, sollten am Nomëtteg da Wolleken opzéien, dat bei nawell schmeieren Temperaturen. Bis zu 27 Grad sollt et plazeweis ginn, bis d’Wieder nees kéint ëmschloen.

Géint 18 Auer gouf et méi lëfteg. Wandspëtzten tëscht 70 ab 90 Kilometer an der Stonn waren iwwer Lëtzebuerg gezunn, dat zesumme mat Plazeweis méi oder manner staarkem Reen.

MeteoLux hat am Laf vum Dag gemellt, dass bannent kuerzer Zäit tëscht 25 a 40 Liter de Meterkaree sollte falen. D’Alerte Orange sollt bis 22 Auer goen, gouf awer vu MeteoLux scho géint 20.40 Auer opgehuewen.

Meldung vu MeteoLux

Warnungen erausgeschéckt a Cellule zesummegeruff

Fir d’Populatioun virun de Wiederkonditiounen ze warnen, goufen am Nomëtteg LU-Alerten erausgeschéckt. Eng Cellule d’évaluation du risque intempéries (CERI) koum och am fréien Nomëtteg zesummen, fir d’Situatioun ze bewäerten. Et gëtt viru sougenannten “Flash floods” gewarnt, déi duerch Staarkreen entstoe kënnen.

Et sollt ee bei Aktivitéiten am Fräien oppassen a sech virun allem net ënner Beem stellen. Och Spadséiergäng am Bësch oder nieft Gewässer kéinte geféierlech ginn. Objeten, déi kéinte fortfléien, sollt ee wa méiglech ënnerdaach bréngen.

En Dënschdeg gëtt da méi frëndlech mat nees méi sonnegen Amenter an Héchstwäerter vu 24 Grad, ier et dann nees méi summerlech gëtt. E Mëttwoch erwaart eis e Sonn-Wolleke-Mix mat ëm 25 Grad, en Donneschdeg nach méi Sonn mat bis zu 27 Grad an e Freideg dierfe mer eis op bal 30 Grad freeën.

Back to Top
CIM LOGO