
De staarke Wand kënnt vun engem Déifdrockgebitt, wat vu Groussbritannien aus iwwer Europa zitt. An den nächsten Deeg wäert zwar mat vill Wand ze rechne sinn, awer d’Temperature kéinte liicht eropgoen. Iwwer Ouschtere gëtt et awer da méi onbestänneg.

En Donneschdeg dann ass mat staarkem Wand vu bis zu 75 Kilometer an der Stonn awer och ëmmer nees, grad am Moien, mat vereenzelte Schaueren ze rechnen, dat bei 7 bis 12 Grad. E Freideg léist de Wand e bëssen no an et wäert méi opklären, awer kann et lokal ëmmer nees zu Schauere kommen, hei bei maximal 13 Grad.
Bis zu 14 Grad kënnen et dann e Samschdeg ginn, ma hei ass nees ma méi Wand an och Schaueren ze rechnen. Am Nomëtteg da kann et plazeweis méi laang dréche bleiwen. Ganz änlech gesäit dat e Sonndeg an e Méindeg aus, ma hei kréie mer bis zu 17 Grad respektiv 14 Grad op Ouschterméinden, wou dann och nach mat Donnerwiedere ka gerechent ginn.
TRAFIC: Aktuell Informatioune mat Kaart a Kameraen.
METEO: Wéi ass d’Wieder, wéi gëtt d’Wieder?
Wéi ass déi aktuell Loftqualitéit?