Bis 2045 soll op der Friche vun der aler Schmelz e Wunnquartier entstoen. Wunne, liewen, schaffen. 2018 ass e Concours ausgeschriwwe ginn, fir e Gesamtplang auszeschaffen, bei deem 2019, vu 4 Entwërf de Projet vum däneschen Urbanistebüro Cobe Architects zeréckbehale gouf.
Erkläerten Zil ass et, aus Esch eng “Stad vun de kuerze Weeër” mat méi Raum fir de Foussgänger an de Vëlo ze maachen an deemno manner motoriséierte Verkéier ze hunn. D’Uelzechtstrooss soll dat zukünftegt “Réckgrat” vun der neier Foussgänger-Achs ginn. Déi lokal Vëlosweeër mam nationale Reseau solle besser vernetzt ginn. An et sinn ënnert anerem zwou nei sougenannte “Bus-Héichleeschtungs-Couloiren” geplangt.