D’Migratiounspolitik ass fir vill Wielerinnen a Wieler ee vun de wichtegste Sujete bei dësen Europawalen.
Wéi positionéieren d’Lëtzebuerger Parteie sech, wat sinn hir Iddien a Léisungsvirschléi?
Zanter dem Ufank vun der Europäescher Unioun gëtt et de Wonsch, Europa sozial ze gestalten. Wéi geet et de Biergerinnen a Bierger, wat feelt hinnen?
Doriwwer an och iwwer d’Steierpolitik schwätze mir an der offizieller Table ronde fir d’Europawalen op der Tëlee. Et diskutéieren all d’Kandidate vun den 13 Gruppéierungen, déi sech fir den 9. Juni opgestallt hunn.
13 Parteie sinn der vill: dowéinst gouf zesumme mat der onofhängeger Iwwerwaachungsautoritéit vun den audiovisuelle Medien ALIA decidéiert, d’Kandidatinnen a Kandidaten op zwou Diskussiounsronnen opzedeelen. An der éischter Stonn sinn et déi éischt 7 Kandidaten, déi vun der ALIA geloust goufen. Duerno ass et dann un de 6 anere Parteien. Op d’Constellatioun vun der Ronn hat RTL wéi gesot keen Afloss. Et gouf geloust an d’Parteien hunn hir Kandidate selwer designéiert.