Spezialemissioun no den EuropawalenMigratioun wier Thema gewiescht, zu Lëtzebuerg awer net dat zentraalt

Caroline Mart
Frank Goetz
Pierre Weimerskirch
Hansen, Wiseler-Lima, Angel, Goerens, Metz a Kartheiser, dat sinn d’Nimm vun den neien Deputéiert, déi Lëtzebuerg an Zukunft an Europa vertrieden.
Spezialemissioun Europawalen
Migratioun wier Thema gewiecht, zu Lëtzebuerg awer net dat zentralt

Fir de Charles Goerens ass Lëtzebuerg nach ëmmer e Land, wat proeuropäesch wier: “Ech mengen, de Stack vun de Lëtzebuerger, déi zu der Europäescher Unioun an zu sengen Institutiounen halen, deen ass awer zolidd genuch am Verglach mat aneren.”

Fir de Christophe Hansen géif zu Lëtzebuerg d’Zesummeliewe gutt fonctionéieren an et géif een dofir och weider zur Integratioun stoen. Ugeschwat op d’Resultat vun der LSAP zu Lëtzebuerg sot hien: “Et ass wéi mam Fussball, heiansdo huet een dann och méi Ballbesëtz wéi déi Kéier virdrun, mee et ass en fin de compte ëmmer deen, deen déi meeschte Goler schéisst, deen da gewënnt. An am Ufank vum Match steet et 0:0, elo steet et zwee eent.”

Krich an Europa ee vun Haaptthemen

D’Migratioun war och am Walkampf zu Lëtzebuerg en Thema, awer keen zentraalt, do ware sech déi neigewielt EU-Parlamentarier zimmlech eens. De Krich, d’Sozialkohäsioun oder och de Klimawandel wiere méi wichteg gewiescht, esou de Marc Angel. Hie sot weider: “Mir wollte weisen, dass mer e waarmt Europa brauchen, kee kaalt an technokratescht Europa, mee en Europa, wat och de Mënsch mathëlt. An dat war den Haaptmessage mam Häerz, dee mer wollte ginn.”

ADR éischte Kéier Sëtz an Europa

Fir d’Tilly Metz wieren déi lescht Woche vum Walkampf entscheedend gewiescht. Déi Gréng EU-Deputéiert sot an der Spezialemissioun, dass et fir d’Bierger net ëmmer direkt kloer wier, wat zu Bréissel a Stroossbuerg géif geschéien: “An dann ass et effektiv déi fënnef, sechs Woche virun de Walen, wou et e Sujet gëtt, wat mir maachen, wou mer och dann hei sinn.”

De Fernand Kartheiser sot, hie géif sech schrecklech freeën iwwer d’Resultat vun der ADR. Et wier een net géint Europa, ma et hätt een en anert Versteesdemech vum Fonctionnement: “Ech soen, mir maachen eis Aarbecht esou, wéi d’Leit et eis mat de Sujeten opgedroen hunn.“

Back to Top
CIM LOGO