
“D’KPL huet sech ëmmer scho fir kleng Rentner agesat a wäert dat och weiderhi maachen!” Dat huet de President Ali Ruckert en Donneschdeg op enger Pressekonferenz betount, op där d’Kommunistesch Partei sech engersäits géint en obligatoresche Militärdéngscht staark gemaach huet an anersäits eben op d’Rentefro agaangen ass. D’Chiffere géife weisen, datt eise Rentesystem zwar generell gutt wier, mä et misst nach vill gemaach ginn, fir de klenge Rentner ze hëllefen. Et wiere grad déi, déi dacks um Enn vum Mount d’Enner net méi beienee kriten. Dat wier dem Ali Ruckert no eng Schan an esou engem räiche Land wéi Lëtzebuerg.
“Wa mer esou vill Aarmut hu bei de Rentner, dass gläichzäiteg, Joer fir Joer, besonnesch déi grouss Konzerner hei zu Lëtzebuerg, Milliarde Steiergeschenker gemaach kréien, awer dass mer bis elo Honnerte vu Millioune vun Euro hu mer fir d’Ausrüstung vun der Arméi ausginn. Mir fannen, dat ass a kenger Proportioun, wann ee kuckt, wéi wierklech am Sozialwiesen, wéi schlecht et ville Leit geet.”
Dofir fuerdert d’KPL, datt d’Mindestrent direkt ëm 500 Euro Brutto de Mount eropgesat gëtt. Dat géif zwar nach laang net wäit genuch goen a misst mëttelfristeg souguer op 900 Euro erop gesat ginn, mä et misst elo direkt eppes gemaach ginn an déi 500 Euro wieren do e gudden Ufank, huet den Ali Ruckert nach betount.