Diskussioun an der Chamber ëm Accès op DokumenterMinister Claude Meisch verweist op Confidentialitéitsklausel

RTL Lëtzebuerg
Kontrolléiert d'Chamber d'Regierung, oder ëmgedréint?
© RTL Archivbild

Oder sinn et um Enn d’Big 4, d’Auditeurscabineten, déi béiden d’Reegelen diktéieren? Dat ass d’Essenz vun der Diskussioun ëm den Accès zu Dokumenter, déi e Mëttwoch an der Chamber héichgekacht huet, nodeems den Educatiounsminister Claude Meisch gezéckt huet, der Chamber den Audit vum Science Center z’iwwerginn. Dëse war vun den Deputéierte Meris Sehovic vun déi Gréng a Fred Keup vum ADR gefrot ginn. Ma de Minister ass och soss Froen ausgewach.

Diskussioun an der Chamber ëm Accès op Dokumenter / vum Michèle Sinner

Et misst een als éischt klären, wien d’Rechter um Audit iwwer de Science Center hätt, esou de Claude Meisch Uganks der Sitzung. Dat géif gepréift ginn, huet et geheescht.

De Meris Sehovic huet dat net op sech sëtze gelooss an eng Motioun deposéiert, fir den Audit ze verlaangen.

“Grad esou einfach kënnt der Iech et awer net maachen hei an der Chamber. Ech hunn hei präzis Froe gestallt, ech krut op keng eenzeg vun deene Froen eng Äntwert.”

A wéi se sollt gestëmmt ginn, huet de Claude Meisch d’Ajoute proposéiert, well hien am Audit duerch eng Confidentialitéitsklausel vu KPMG gebonne wier. Et géif een den Audit froen, ma do misst sech drugehale ginn, fir dat zur Verfügung gestallt ze kréien.

An du goung et lass, ausnamsweis ware Gréng an ADR sech eens. Just d’CSV huet sech op d’Säit vum Minister geschloen. Kee Wuert aus den DP-Reien.

D’Motioun gouf um Enn esou gestëmmt, wéi se vum Meris Sehovic proposéiert gouf an ofgeleent.

D’Deputéiert kënnen den den Audit elo eenzel iwwer Courrier ufroen a mussen en da kréien. Da freet sech, ob elo d’Majoritéitsdeputéiert en net wëlle liesen.

Generalversammlung vum Luxembourg Science Center: Kritesch Froen onerwënscht?

Back to Top
CIM LOGO