Trotz aller KritikMinister Meisch léisst sech Zäit mat neiem Loyersdeckel

Maxime Gillen
De Minister wëll de Projet vum Loyersdeckel nach emol komplett iwwerschaffen, un déi aktuell Situatioun upassen an op méi aktuell Donnéeë baséieren.
© RTL Grafik

Chamberkommissioun Logement / Reportage: Maxime Gillen

Den aktuelle Präisdeckel fir Loyere funktionéiert net esou, wéi e soll. Do si sech Regierung an Oppositioun eens. Ma wärend d’Oppositioun drop hält, dass déi néideg Reform méiglechst séier gemaach gëtt, wëllt de Minister sech nach Zäit loossen.

Dat an der Haaptsaach, well een zwar wuel wëllt de Locataire schützen, ma gläichzäiteg awer och keen Investisseur wëllt ofschrecken, Wunnenge fir d’Locatioun ze kafen. Zum Beispill wier d’Situatioun haut eng ganz aner, wéi nach virun zwee Joer, well d’Zënsen op Immobiliëprêten e gutt Stéck geklomme sinn, betount de Logementsminister Claude Meisch en Donneschdeg de Moien an der Logementskommissioun vun der Chamber. “Dat hätt ech awer gäre matgekuckt hei, éier mer elo eppes legiferéieren, wat eis duerno eventuell Leed deet.” Dat kéint nämlech zu engem Blockage um Immobiliëmarché féieren, esou de Minister. “Mir brauche Leit, déi a Wunnengen investéieren, méi a méi schnell. A mir brauchen op där anerer Säit natierlech awer och e Mieterschutz, deen déi Leit protegéiert, déi do solle wunnen.

D’Argument, d’Situatioun nach eng Kéier wëllen am Fong z’analyséieren, léisst d’Oppositioun nach gëllen, dat vun der Baukris allerdéngs net. Dat wier dem gréngen Deputéierte François Bausch no e bësse mat den Hoer erbäigezunn. Et géif ëmmer en Argument ginn, fir eppes op déi laang Bänk ze drécken. An dësem Fall wier et awer besonnesch frustrant, well déi betraffe Leit Locatairen an domat déi Vulnerabelst an der Logementskris wieren, esou de fréiere grénge Minister.

De Logementsminister huet erkläert, dass an enger éischter Phas den Observatoire de l’Habitat eng nei Analys vun der aktueller Situatioun soll maachen. Duerno géif da mat alle concernéierten Acteuren zesummegekuckt ginn, déi beschte Solutioun ze fannen. Wéi laang dee Prozess wäert daueren, wollt de Claude Meisch net soen. Ma et dierft ee sech net erwaarden, dass een an der Schwammbox op der Plage eng Kéier géif gutt doriwwer nodenken an dann eng Solutioun hätt fir e Problem, un deem schonn esou laang gedoktert gëtt, esou nach de Minister.

D’LSAP-Fraktiounscheffin Taina Bofferding huet allerdéngs schonn annoncéiert, wëllen un dësem Dossier drunzebleiwen. D’Situatioun nach eng Kéier z’analyséieren, dierft nämlech net heeschen “de Plafong ze kucken an ze vergiessen, dass een do eng Aufgab hat.

Back to Top
CIM LOGO