No Skandal beim CDMHMinistère a Gemeng sprangen an, fir Mataarbechter net am Ree stoen ze loossen

Jean-Marc Sturm
Nodeem de fréiere President Sue verontreit soll hunn, kommen elo finanziell Hëllefe vun der Gemeng Diddeleng a vum Kulturministère.

De fréiere President vum CDMH, dem Centre de documentations sur les migrations humaines am Gebai vun der Gare am Quartier Italien zu Diddeleng, huet Enn Oktober zejoert bei där ASBL demissionéiert a sech selwer bei der Police wéinst Verontreie vu Sue vum Veräin denoncéiert.

Et gëtt och eng Klo. D’Presidence gëtt bis op Weideres am Interim assuréiert bei engem Zenter, deen iwwert d’Grenze vun Diddeleng eraus weider eng Roll soll spillen.

Wat ass iwwerhaapt “kleng Italien”

De Quartier Italien, oder " kleng Italien” wéi se zu Diddeleng soen, hat nach ëmmer ee spezielle Ruff an huet d’Stad Diddeleng mat gepräägt.

Et war méi Aarbecht bei der ARBED do wéi Leit, an domadder ee Magnéit fir Immigranten. Am Ufank virun allem aus dem Norde vun Italien. Si hu bis zu 75 Prozent vun der Populatioun am Quartier ausgemaach, ee Quartier dee quasi tëscht den Eisenäerzminnen an den Héichiewen louch. Kee Wonner, dass dee CDMH do ënnerdaach komm ass.

Elo awer Schluss mat Lokalpatriotismus an Héichueweromantik.

Wéi geet et beim CDMH weider?

Et handelt sech beim Verontreien ëm e Chiffer, deen an d’Honnertdausende vun Euro geet. Déi genee Zomm wäert d’Enquête präziséieren. Aus dem noen Ëmfeld vum Ex-President gouf een Deel vun de verontreite Suen zréckbezuelt. Den Detournement ass iwwer e puer Joer geschitt. Do stellt sech d’Fro, wéi esou eppes net konnt opfalen, weder intern bei de Reviseurs de Caisse nach extern bei enger Fiduciaire. Och dat ass Bestanddeel vun der Enquête. De Kulturministère an d’Stad Diddeleng si finanziell agesprongen, fir dass d’Personal vum CDMH net am Reen steet.

Wat d’zukünfteg Gestioun betrëfft, seet den Diddelenger Buergermeeschter Dan Biancalana, datt och “d’ESBL, de Verwaltungsrot, seng Responsabilitéit geholl huet an amgaangen ass, sech deementspriechend ze restrukturéieren, fir effektiv um Niveau vun hirer Gouvernance och dat aneschters unzegoen, wéi an der Vergaangenheet.

De CDMH soll trotz der rezenter Affär weider seng Roll spille mat Expositiounen iwwert d’Migratioun an engem historesche, ekonomeschen a soziale Kontext an och bei der Recherche um Niveau vun Universitéiten

De Ministère an d’Stad Diddeleng sti weider hannert dem Centre de Documentation. “Ech mengen, et ass schonn ee ganz wichtege Bäitrag, gesellschaftleche Bäitrag deementspriechend ze leeschten, net nëmmen zu Diddeleng, mee mengen ech awer och fir d’ganzt Land. De Sujet Migratioun huet op alle Fall näischt un Aktualitéit verluer.

De Sujet Migratioun huet op alle Fall näischt un Aktualitéit verluer.

Back to Top
CIM LOGO